Losch Youth Cup Tournoi – Walfer

Ons Jugend huet mat Begeeschterung um internationalen Tournoi den 17. an 18. Juli 2017 zu Walfer deel geholl.
Mat hirer Equipe aus e puer méi erfuerenen an e puer ganz neie Spiller hun ons Minimmen eng gutt fënnefte Plaz erspillt bei insgesamt 12 ugetruedenen Equippen.

Ons Scolairen hun eng Coupe mat heem bruecht.
Sie konnte sech bei 13 Equippen op eng wonnerbar 3. Platz erop kämpfen an sinn domat déi 1. Lëtzebuerger Equipe an hirer Kategorie. Mir gratuléieren den Meedercher Mascha, Elena an Guini an den Jongen Jo, Ben, Michel, Sébastiaen an Christophe fir hier gutt Leeschtung op dësem Turnéier.

Den Match fir déi 3. Platz hun eis Jongen an Meedercher vun den Scolaire géint d’Equipe vum CHEV Diekirch gespillt. Et wuer een konterbonten Match mat vill hin an hier. Um Schluss hun eis Scolaire et gepackt d’Equipe vum CHEV Diekirch ze schloen an sech déi 3. Platz ze sécheren. Dëst mat engem Score vun:

VC Lorentzweiler  – CHEV Diekirch
15  – 12
12  – 15
5  – 3

Leider hun mer och schlecht Noriichten vun dësem Turnéier. An der Hallef Finale vun den Scolaire géint eng Equipe vun Wiesbach huet den Christophe Mollinger sech leider um Fouss verletzt an konnt net mei weider um Turnéier deelhuelen. Mir wollten do dem Janis villmools Merci soen dass hien sech deen Moment esou gutt em den Christophe gekëmmert huet.
Mir wenschen dem Christophe eng gutt Besserung an dass en rem séier Fit gëtt an op den Terrain kann.